Bande Dessinée vum 05-10-1998: SOLEIL
DE NUIT
Dën Loustal ass bekannt dofier, dass ën niëwt senger Aarbëcht als Bande
Dessinées Auteur nët zeckt fier och 'mol aaner Illustratiounen zë réaliséieren. An
déi sin gënée ësou perfekt an voller Atmosphère, ëwéi een daat aus sengen Bande
Dessinéen kennt.
Am Album "Soleil de nuit" gin déi rézenst Illustratiounen vum
Loustal gesammelt, an am Buchformat publizéiert. Ouni dass déi Biller ënnert
engem festen Sujet stoungen, zidd sëch aawer een rouden Fuedem duerch deen ganzen Album.
Deen rouden Fuedem ass zu engem groussen Deel op d'Texter vum Philippe Paringaux
zëreck zë féieren, déi d'Biller begleeden.
Wonnerschéin Aquarellen, gezeechent am Loustal sengem onvergläichlëchen Style
fënnt een an dësem neien Album: "Soleils de nuit". An déi maan
Loscht op méi, an méi fëndt een jo an dën Bande Dessinéen déi dën Loustal
gezeechent huët, zum Beispill "Kid Congo", an "Coeurs de
Sable".
All Biller op dëser Sait sin Ó LOUSTAL, an CASTERMAN
© 1999, RTL Radio an Televisioun Lëtzebuerg.
|