WB01343_.gif (599 bytes)  

Bande Dessinée vum 05-10-1998: SOLEIL DE NUIT

 

Dën Loustal ass bekannt dofier, dass ën niëwt senger Aarbëcht als Bande Dessinées Auteur nët zeckt fier och 'mol aaner Illustratiounen zë réaliséieren. An déi sin gënée ësou perfekt an voller Atmosphère, ëwéi een daat aus sengen Bande Dessinéen kennt.

Am Album "Soleil de nuit" gin déi rézenst Illustratiounen vum Loustal gesammelt, an am Buchformat publizéiert. Ouni dass déi Biller ënnert engem festen Sujet stoungen, zidd sëch aawer een rouden Fuedem duerch deen ganzen Album. Deen rouden Fuedem ass zu engem groussen Deel op d'Texter vum Philippe Paringaux zëreck zë féieren, déi d'Biller begleeden.

Wonnerschéin Aquarellen, gezeechent am Loustal sengem onvergläichlëchen Style fënnt een an dësem neien Album: "Soleils de nuit". An déi maan Loscht op méi, an méi fëndt een jo an dën Bande Dessinéen déi dën Loustal gezeechent huët, zum Beispill "Kid Congo", an "Coeurs de Sable".

All Biller op dëser Sait sin Ó LOUSTAL, an CASTERMAN

 

© 1999, RTL Radio an Televisioun Lëtzebuerg.